Sponsors Nuetsrallye
September 2011:
Club des Jeunes Cents
Luxembourg Underground 2012 - eischt News

De Nuetsrallye vum Centser Jugendclub wäert nächst Joer den 15. September 2012sinn.

Also schreift iech den Datum schon op, dass der et och secher net verpasst! :)

 
Gewënner an Präisser Nuetsrallye 2011

Mir hunn an engem Auswertungsmarathon d'Spiller an Froebéi vun den Equipen duerchgeholl, an d'Präisser gerecht op d'Spillerzuel vun den Equipen verdeelt. Mir wäerten all Equipe kontaktéieren fir mat hinnen eng Zäit auszeman, wou se hiren Gewënn kënnen ofhuelen kommen ! Mir soen nach eemol allen Teams en groussen Merci, sou wéi och eisen Sponsoren déi eis ënnerstëtzt hunn an déi flott Gewënner erméiglecht hunn ! Fir all déi déi dëst Joër näischt gewonn hunn: d'nächst Joer am September ass erem den Nuetsrallye 2012, mat engem neien Wee, nei Kasematten, neien Spiller an hoffentlech erem mat engem sou gudden Wieder !

 

1. Plaz (Team Dot / 217pts):

a. 6 Lasertag Entréen

b. 6 House of Underwear Bongen am Wert vun je 50eur

c. 6 Piccolo Mondo Pizza'en

 

2. Plaz (Where the lost ones go / 212,5pts):

a. 6 Lasertag Entréen

b. 6 Piccolo Mondo Pizza'en


3. Plaz (Sevylianer 1 / 194pts ) :

a. 10 Lasertag Entréen

b. 1 grouss Corbeille


4. Plaz (D'Couillons / 193pts):

a. 4 Lasertag Entréen

b. 1 grouss Corbeille


5. Plaz (D'Luchsen / 192pts):

a. 6 Lasertag Entréen

b. 1 grouss Corbeille


6. Plaz (Nuetseil / 190,5pts):

a. 4 Lasertag Entréen

b. 1 grouss Corbeille

7. Plaz (Benni 2 / 190pts):

a. 6 Lasertag Entréen

b. 1 grouss Corbeille

8. Plaz (Goonies / 187pts):

a. 6 Lasertag Entréen

b. 1 grouss Corbeille

9. Plaz (The Expendables / 186pts):

a. Grouss Prabbelien gestëft vun Cactus

b. 1 grouss Corbeille

10. Plaz (Castors 2 / 185,5pts):

a. Rucksäck an Täscheluten gestëft vun Cactus

b. 1 grouss Corbeille

 

 

Dat komplett Klassement kënnt der hei nokucken


 
D'Umeldung ass um Site

 

UPDATE 2: Den Nuetsrallye ass (leider) booked out ! Et hunn sech 74 Equipen ugemellt, an mir verlousen nach 1 ganzen Equipenentrée um ELDORADIO ! (Termin get nach bekannt gemet). Falls eng Equipe misst ofsoen, soen mir hei um Site bescheed wann nach eng Plaz dann fraigëtt. Mat 75 Equipen ass d'Kapazitéit voll wat mer un Leit kënnen "handlen".

 

All ugemellten Equipe kritt am Laf vun der nächster Woch nach per E-Mail zousätzlech Informatiounen zougeschéckt.

 

******************************************************************************************************************************************

 

UPDATE: Mir kommen dem Daag vum Rallye emmer méi no ! Equipen déi Froen hunn, stellen oft déi selwescht:

 

- Start ass ab 19h00 bis +/- 22h30. Eis geet et organisatorësch am Beschten wann d'Equipen all bis 22h30 durch sinn. Et kann een kommen wann een wëll, et muss een awer mat groussem Undrang vun 20h15-21h15 rechnen !

 

- Soubal dir äer Umeldung fortgescheckt huet, hunn mir déi och sëcher kritt, an mir droen no an no d'Equipen an d'Lëscht an, déi een <hei> kann nokucken. Dir kritt KENG Bestätegungsemail oder SMS, wann dir äeren Numm an der Lëscht fannt, hunn mir alles kritt.

 

- D'Unzuel vun Matspiller muss net präzis sinn, wann dir net secher sidd ob der zu 5 oder 6 sidd, wielt 6. Et ass méi dofir do fir eis eng Ahnung ze ginn mat wéi vill Leit mir mussen rechnen. Déi Meescht sinn zu 4 oder 6 iwregens ;)

 

******************************************************************************************************************************************

 

Mir hunn elo d'Umeldung um Site aktivéiert ! Klickt w.e.g einfach <heihin> oder navigéiert am Menu vun der Homepage op d'Umeldungssäit.

 

Well sech bis lo just lëtzebuergesch Equipen ugemellt hunn, drécken mer d'Froen all op lëtzebuergesch raus !